Quizowend 13.01.2024


03 January 2024

Dir hutt nach bis den 07.01.2024 Zäit Iech unzemellen! 
Mir hunn nëmmen nach e puer Plazen fräi!

Mellt är Equippe un ënnert reservation@volleylenster.lu - mir freeën eis op ären Besuch!

#GREENEVENTS

     Mir engagéieren eis dëst Joer, dass eisen QUIZOWEND zu engem GREENEVENT gëtt! 

Fir eist nohaltegt Event probéiere mir eisen ekologesche Foussofdrock esou kleng wéi méiglech ze halen an eise Ressourcëverbrauch ze reduzéieren. Dozou gehéieren eng ganz Rei Krittären.

Mir:

-        engagéieren eis esou mann ewéi méiglech Einweg-Produkter ze benotzen

-        benotzen keng Kartong’s Telleren an keen Plastikbesteck

-        drucken ausschliisslech op recycléiertem Pabeier 

-        sënneren eisen Offall an recycléieren. 

-        versichen, dass den Groussdeel vun eisen ugebuedenen Produiten BIO, FAIRTRADE oder regional sinn 

-        reduzéieren den Pabeierverbrauch an verzichten op Flyeren an Broschüren, mä mir bauen komplett op eng digital Presentatioun

-        benotzen ekologescht Botzmaterial 

D’ Zil ass et, ze weisen, dass mir duerch dës Ännerunge eist Event méi nohalteg gestalte, an dass mir d’Ëmweltbewosstsinn vun eise Visiteuren, Partner a Sponsoren verstäerken. ????????

 

GREENEVENTS ass e Projet, deen op Initiative vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an Nohalteg Entwécklung lancéiert gouf a gëtt vum Oekozenter Pafendall ASBL an der Superdreckskëscht geréiert.

Méi Informatiounen op www.greenevents.lu.